Kaf Fair: Jo

BlackBPOABWBanner.jpg

Kaf Fair: Jo

par Fairtrade Lëtzebuerg

Ce jeudi, la Chambre des Députés a voté la loi sur les marchés publics, en application de la directive européenne.

L'ONG Fairtrade Lëtzebuerg salue le fait que cette loi soit enfin votée, puisqu'elle permettra aux acteurs publics de recourir aux labels dans leurs appels d'offres. Un pouvoir adjudicateur peut donc ainsi spécifier dans son appel d'offre qu'un produit doit être certifié Fairtrade afin de remplir les conditions.

Désormais, puisque le cadre juridique le permet, l'ONG Fairtrade Lëtzebuerg appelle l'Etat luxembourgeois à mettre en place une vraie politique volontariste et cohérente en faveur d'une consommation équitable, sociale et durable, afin que les effets positifs de la Coopération au développement ne soient pas contrecarrés par les achats publics.

Téléchargez les motions relatives au projet de loi n°6982 sur les marchés publics

Retrouvez le statement de M. Jean-Louis Zeien, président de l'ONG Fairtrade Lëtzebuerg ci-après :

"

Dëst Gesetz, wat haut an der Chamber gestëmmt gëtt, kënnt wéinst enger europäescher Direktiv iwwert ëffentlech Ausschreiwungen. Staat a Gemenge mussen eng Rei "Spillregelen* respektéieren wa si akafen. 

Et ass positiv datt 

  • hei e Kader mat Rechtssécherheet gesat gëtt fir d'ëffentlech Hand wa si akeeft.
  • datt Labele kënne genotzt gi vun deem ëffentlechen Akteur deen eng Ausschreiwung mécht. Sou kann deen - wann e wëllt ! - och nohalteg akafen a Kriterie vun dem FAIRTRADE Label , oder och z.B. engem Biolabel oder sozial resp. ökologesch Kriterie verlaangen.  

Allerdéngs ass dëst nëmmen eng Méiglechkeet a stellt keng Obligatioun duer. Dofir ass dëst Gesetz wat votéiert gëtt och "nëmmen" e Kader, dee vun enger Regierung déi Nohaltegkeet wëll konkretiséiere, genotzt gëtt - oder och net! Hei gëtt d'Chamber de Kader vir. Wichteg ass datt all ëffentlechen Akteur dëst och notzt fir tatsächlech nohalteg anzekafen.  

Wann dëst net geschitt, riskéiert déi ëffentlech Hand Produkter anzekafen, an deene sech Menscherechtsverletzungen, massiv Ëmweltzerstéierung, Ausbeutung besonnesch am Süden "verstoppen". Beispiller ginn et - leider – en etlech: Konfliktmineralie mat deenen och  Menscherechtsverletzungen an eisen Handyen oder Laptops stiechen, desastruös Aarbechtsbedingungen an der Textilindustrie, ausbeuteresch Kanneraarbecht op Kakaosplantagen oder massiv Pestiziden op Banannen- an Ananasplantagen, etc. Duerch sou eng Akeef géifen déi positiv Auswierkungen vun eiser gudder Kooperatiounspolitik erëm futti gemaach ginn. Wéi kéint sou eng Kohärenz vun der Politik entstoen???  

De Label vu Fairtrade garantéiert datt Produkter aus dem Süden, Nohaltegkeetskriterien am Beräich Economie, Soziales an Ecologie erfëllen a Menscherechter respektéiert ginn. Och eng biologesch Landwirtschaft hei an am Süden léisst sech mat entspriechende Labele konsequent förderen.  

Dofir brauche mir no dem Vote vun dësem Gesetz an der Chamber och eng kloer volontaristesch Akaafspolitik vu Ministerien, Gemengen an etablissements publics fir datt konsequent fair, biologesch an ökologesch akaaft gëtt. Nohalteg akafe muss méi wäit goe wéi nëmme best practices opzielen.  

En etlech Akteure beim Staat a bei de Gemengen, déi eng Virreiderroll iwwerholl hunn,  hunn et  schonns gewisen: et ass méiglech. Dës Geleeënheet gëllt et lo ze notze mat dësem neie Gesetz, fir déi aner Akteure bei Staat a Gemeng och an d'Boot ze huelen.

"

Retour